Dr. Larissa Mies Bombardi: Like a boomerang, banned pesticides find their way back to European consumers

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM - A podcast by ASTM - Action Solidarité Tiers Monde

Gaascht: Dr. Larissa Mies Bombardi D’Joer 2023 ass entscheedend fir d’Zukunft oder d’Enn vum Mercosur-Fräihandelsofkommes: Zënter Joren engagéiere sech d’ASTM an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg, zesumme mat villen aneren Acteuren aus der Zivilgesellschaft, fir d’Ofleenung vum Mercosur-Accord. Fräihandelsaccorde sinn net nëmmen immens problematesch fir d'"Produktiounslänner" a Saache Mënscherechter, si bréngen och vill negativ Aspekter fir d'Ëmwelt zesummen: erhéicht Emissioune vun der Ausbau vun der industrialiséierter Landwirtschaft, Verstäerkung vun der Energie-intensiven Transport, fir der e puer ze nennen. Een Aspekt, dee bis elo ganz dacks vernoléissegt gouf, ass d'Fro vun der Pestizidkontaminatioun vu Produkter, déi an Europa importéiert ginn, oder d'Origine vu Pestiziden, déi a Brasilien benotzt ginn. Wéi ass et méiglech dass bei eis verbuede Pestiziden weiderhin dierfen exportéiert ginn? Firwat ass Brasilien dee gréissten Notzer vu Pestiziden? Wat ass no de Presidentschaftswalen ze erwaarden? Doriwwer schätzen ech mam Larissa Mies Bombardi, zënter 2007 Associé Professer am Geografiedepartement vun der Universitéit vu São Paulo (Brasilien), an Auteur vum Atlas: "A Geography of Agrotoxins Use in Brazil and its relations to the Europäesch Unioun". D'Gespréich ass op Englesch.    Publication: Geography of Asymmetry Circle of Poison and Molecular Colonialism in the Commercial Relationship Between Mercosur and the European Union https://conexaoagua.mpf.mp.br/arquivos/agrotoxicos/05-larissa-bombardi-atlas-agrotoxico-2017.pdf https://pedlowski.files.wordpress.com/2021/05/bra_pestizidatlas_lbombardi_geography-of-asymmetry-2021.pdf   Links: https://www.zeit.de/wissen/umwelt/2021-10/larissa-bombardi-forscherin-exil-brasilien-pestizide-wissenschaft/komplettansicht https://astm.lu/toxic-trade-comment-laccord-de-mercosur-empoisonne-les-populations-au-bresil-et-en-europe/   Kultur mam Anne Sebastian Bohrn Mena | Veronika Bohrn Mena Konzerne an die Kette! So stoppen wir die Ausbeutung von Umwelt und Menschen https://www.brandstaetterverlag.com/buch/kon