Mauricio Iximaweteri & Silvio Cavuscens: What can we learn from the Yanomami about ourselves?

Episod 18: What can we learn from the Yanomami about ourselves? Gäscht: Mauricio Iximaweteri (Yanomami) & Silvio Cavuscens (Secoya) De Yanomami Mauricio Iximaweteri war op Besuch zu Lëtzebuerg an huet mir d’Méiglechkeet gi mat him iwwert déi indigene Bevëlkerungsgrupp vun de Yanomami a Nordbrasilien zu schwätzen. Et geet em hire Liewensstil, hire Kampf em d’Iwwerliewen a wat dat alles mat eis ze dinn huet. Hien gëtt begleet vum Silvio Cavuscens deen zënter méi wei 20 Joer mat de Yanomami zesummeschafft a probéiert hier Cause enger méi breeder Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen. D’Gespréich ass op Englesch, de Mauricio schwätzt op Portugisesch an alles gëtt iwwersat.   Weider Links: ASBL Secoya Secoya - Associação Serviço e Cooperación com Povo Yanomami  https://www.secoya.org.br/fr/quem-somos Filhos da Lua – la voix des Yanomami- Documentaire réalisé par: Mauro Almeida Cabral et Fränk Muno https://www.citim.lu/filhos-da-lua-la-voix-des-yanomami/ De Besuch bei der Cour grand-gucale https://www.instagram.com/p/Cd56zN6o8Yp/?igshid=YmMyMTA2M2Y%3D&fbclid=IwAR34Qqs6Q7562PHp_Y3xHEjvfLMDgzRd6kh9S9lFETMbGsq5D8qi-oxIsNk Netflix Dokumentatioun: https://www.netflix.com/lu/title/81503933 Portrait vun de Yanomami: https://www.survivalinternational.fr/peuples/yanomami Financial Times: Brazil’s indigenous tribes suffer new degradations at hands of illegal miners. https://www.ft.com/content/49346cc2-7b22-44c9-8ece-5ed151b26d14   Kultur mam Anne vum CITIM: Claudia Andujar: https://a-z.lu/primo-explore/fulldisplay?docid=ALEPH_LUX01001611153&context=L&vid=BIBNET&lang=fr_FR&search_scope=All_content&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=all_content&query=any,contains,Claudia%20Andujar&offset=0 https://www.citim.lu

Om Podcasten

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un [email protected]. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.