Nadine Haas - Ech sinn net d'Finanzplaz!

Gaascht: Nadine Haas (ASTM) Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert déi ominéis Multinational JBS an hier Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Wat sinn hier Aktivitéiten a firwat brauchen se dofir 23 Bréifkëschten? Wat mëscht JBS a Brasilien?  Mier schwätzen och iwwert wirtschaftspolitesch journalistesch Recherche zu Lëtzebuerg.   Den Reporter.lu-Artikel zu JBS fannt dier hei (payant): seine-plaene-in-luxemburg/">https://www.reporter.lu/der-fleischgigant-jbs-und-seine-plaene-in-luxemburg/   D'Folleg vun Last Week Tonight déi beschwat gëtt fannt dier hei:   https://www.hbo.com/last-week-tonight-with-john-oliver/2021/152-episode-211   Agenda: Rethinking nature: https://cerclecite.lu/fr/event/rethinking-nature L’EXPOSITION « 75 JOER ŒUVRE – UNE HISTOIRE DE SOLIDARITÉ »: https://www.oeuvre.lu/prolongation-exposition/ Rethinking Landscape - Mois européen de la photo: https://www.mnha.lu/fr/expositions/rethinking-landscape

Om Podcasten

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un [email protected]. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.